Rencontre Amicale
Törnseegelen, Erfarungen a Biller vum Roland Miny a Serge Duhr iwwer: * Nord-Korsika, 12.-30.06.2022. Kuerz Power Point Virstellung vun der Preparatioun an der Organisatioun mat duerno dem Film vum Oflaf: Port Camargue - Îles du Frioul - Marseille - Porquerolles - Calvi - L'Île Rousse - St Florent - Centuri - Bastia - Capreia Isola - Macinaggio - Barcaggio - St Tropez - St Pierre des Embiez - Carry le Rouet - Port Camargue. * En milieu méditerranéen, 21.09.-03.10.2023. D'Geschicht an d'Biller vun enger geplangter Traversée zu Dräi op Mallorca, der Avarie kuerz nom Départ, dem Remorquage duerch de "CROSS MED" an dat et duerno an de Calanques och ganz schéin si kann..
D'Equipe vum Nico Bormann geréiert Buvette an déi kleng Restauratioun. Disponibiltät Parking. Keng Aschreiwwungen.